Preview
Description
Loscht op Abenteuer an Entdeckunge mat der ganzer Famill? Da klammt u Bord vum Raumschëff fir direkt ofzehiewen! D'Applikatioun Nächst Statioun proposéiert dir, de Personnagen aus der Serie ze hëllefen, hir Missioun ze erfëllen. Gläichzäiteg léiers du mat hinne vill spannend Saachen iwwer Lëtzebuerg an d'Groussregioun. Ob s du e jonken Entdecker oder en erfuerenen Archeolog bass, luet d'Applikatioun erof an erfëll deng Missioun direkt op der Plaz fir d'Geheimnisser vu wonnerschéine Schlässer, Monumenter an der Natur ze entdecken. Mat der Applikatioun kanns du onvergiesslech Toure mat der Famill maachen, mat innovative Rätselen an erweiderter Realitéit! Wann s de bei de villen Aktivitéite vun der Applikatioun matmëss, kann du flott Souveniren, eenzegaarteg Trophäen oder dosende vun neie Kostümer fir deng Personnage sammelen. Mat der Applikatioun Nächst Statioun: - gesäis de deng liiblingspersonnagen u bord vun hirem Raumschëff - léiers de informatiounen iwwer vill verschidde plazen zu lëtzebuerg an an der groussregioun - kanns de direkt op der plaz eenzegaarteg objete sammelen - kanns de op innovativ aart a weis no schätz sichen an u spezielle missiounen an erweiderter realitéit deelhuelen - entdecks de spannend anekdoten, déi de papish, den archeolog aus dem weltall, erzielt - kanns de däi wëssen an illustréierte quizzen testen - kanns de amusant Kostümer fabrizéiere fir däi Stil ze verbesseren an ze personaliséieren! - gewënns de wonnerschéin trophäe vun dengen helden Et gëtt vill Plazen a Monumenter ze entdecken: am veianer schlass a sengem mëttelalteruniversum gëss du zum ritter - Erfuersch d'Labyrinth vum spannende Bockfiels - Komm an d'magesch Welt vum Parc Merveilleux vu Beetebuerg - Erweis den Zaldoten d'Éier, déi um Wee vum Schumannseck hiert Liewe gelooss hunn - Rees an d'Antiquitéit an der Réimervilla vun Iechternach - An entdeck nach vill aner genee esou aussergewéinlech Plazen! De Patrimoine entdecke gëtt e Kannerspill, fir Grouss a Kleng. Op wat waart Dir? Luet d'Applikatioun erof a reest emol anescht: andeems dir iech amuséiert!
What's New
Version 2.14 2025-11-07
Bug Fix Technical Analysis
Package Overview Basic metadata
Bundle ID
com.Yaaargames.NachstStatiounApp Current Version 2.14
Minimum iOS 12.0
Package Size App Store Size
Package Metadata 0 / 13 version records
Detailed binary, privacy manifest, framework, and Info.plist results have not been indexed for this package yet. The verified App Store and archive metadata above remains available.
Developer Information
Known Version Records
0 version records with stored package metadata • 13 known version records
Stored metadata does not guarantee a package is currently available to download.
| Details | Version / IDs | Version date | Action |
|---|---|---|---|
| Not archived | App Store ID: 879553280 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 876262981 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 867516619 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 867060331 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 852776592 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 852107715 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 852065026 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 850644918 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 850143685 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 850018866 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 848581362 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 844462922 | Unknown | Request Version |
| Not archived | App Store ID: 844248645 | Unknown | Request Version |